
Wéi et vun den zoustännege Pompjeeën heescht, wiere beim Accident insgesamt 20 Persoune verwonnt ginn. Dorënner wiere 17 Liichtblesséierter, dräi Persoune goufe schwéier verletzt. 12 Leit hu mussen an d'Spidol. Wéi et zur Ursaach vum Accident heescht, wier den Tram an enger Kéier géint e Stroummast gerannt, woubäi en Deel vu senger rietser Säit opgerappt gouf. De leschte Waggon wier dunn aus dem Gleis gesprongen. D'Pompjeeë ware mat ronn 60 Leit am Asaz.