Alpe d'Huez (F)23 Blesséierter no Kollisioun vu Gondel vu Seelbunn mat Kran

AFP, iwwersat vun RTL
E Mëttwoch ass am Schigebitt Alpe d'Huez a Frankräich eng Kabinn vun enger Seelbunn mat engem Kran kollidéiert.
De Berger Séi op 1.860m am Schigebitt Alpe d'Huez.
De Berger Séi op 1.860m am Schigebitt Alpe d'Huez
© GUIZIOU FRANCK / HEMIS.FR/Hemis via AFP

23 Leit goufe blesséiert, dorënner dräi schwéier. Dem Buergermeeschter vun der Gemeng Jean-Yves Noyrey no stéingen d'Leit ënner Schock, anerer wiere mat Gehirnerschütterungen an d'Spidol komm.

Wéi de Buergermeeschter erkläert huet, wier de Virfall géint 9:30 Auer op der Streck fir op de Pic Blanc geschitt. Méi genee wier d'Gondel mat ronn 50 Leit u Bord mam Kran kollidéiert, wéi se eng Statioun op 2.700 Meter Héicht verloosse sollt. Déi genee Ëmstänn vum Accident sollen elo vun der Gendarmerie gekläert ginn. Et kéint awer sinn, datt de Kran-Chauffer vergiess hat, datt eng Seelbunn iwwer d'Strooss verleeft.

Seelbunne sinn esou konstruéiert, datt si sech beim abrupte Bremse stabiliséieren. An dësem Fall wier d'Kabinn awer duerch den Opprall mam Kran gekippt, wouduerch "d'Leit erausgerutscht sinn", esou de Buergermeeschter nach. "Si hu gemengt, si géinge stierwen", "mä d'Conductrice hätt richteg reagéiert an ass zréckgefuer, fir d'Kabinn nees an d'Riicht ze bréngen".

Back to Top
CIM LOGO