A Bucht vu Cannes24 Joer ale Mann no Kollisioun vun Touristebooter vermësst

AFP, iwwersat vun RTL
Zéng Leit goufe bei engem Accident mat zwee Touristebooter an der Bucht vu Cannes e Sonndeg den Owend blesséiert, véier vun hinne schwéier.
D'Yacht, mat där d'Schlauchboot an der Bucht vu Cannes de 16. August 2026 kollidéiert ass.
D'Yacht, mat där d'Schlauchboot an der Bucht vu Cannes de 16. August 2026 kollidéiert ass.
© Sébastien Leroy

No enger Kollisioun vun zwee Booter fir Ausflich op der franséischer Côte d'Azur gëtt e 24 Joer ale Mann vermësst. Zéng Leit goufe beim Accident an der Bucht vu Cannes e Sonndeg den Owend blesséiert, véier vun hinne schwéier, wéi et vun den Autoritéite vun Nice heescht. Anenee gerannt wieren deemno eng Yacht vum Typ Pardo an e Schlauchboot mat fester Coque.

All zéng Leit, déi um Schlauchboot waren, wieren an d'Mier geschleidert ginn, ënnert hinne Jugendlecher. Déi Blesséiert goufen an e puer Spideeler an der Regioun bruecht, ënnert anerem op Cannes an Nice. Geschitt ass den Accident owes géint 22:45 Auer.

De Vermëssten hätt d'Schlauchboot gesteiert, huet de Buergermeeschter vu Mandelieu-la-Napoule, de Sébastien Leroy, e Méindeg op Facebook geschriwwen. D'Ëmstänn vum Accident wieren nach net gekläert. De Konsum vun Alkohol an Droge wier op engem vu béide Booter net auszeschléissen. Dat géing elo d'Justiz klären. D'Sich nom Vermësste wier e Méindeg de Moie mam Helikopter weidergaangen.

Back to Top
CIM LOGO