Cap VertBus fält 30 Meter an d'Déift, op d'mannst 25 Doudesaffer

Claude Zeimetz
Am Bus souze Kanner a Jonker, déi op engem Ausfluch ënnerwee waren.
E Bus ass 30 Meter an d'Déift gefall. De Bilan vun 25 Doudesaffer kéint nach klammen.
© MARTIN ZWICK/Biosphoto via AFP

Bei engem schwéiere Busaccident um Cap Vert sinn e Samschdeg op der Insel Fogo 25 Persounen ëm d'Liewe komm. Am Bus souze Kanner a Jonker, déi op engem Ausfluch ënnerwee waren. D'Gefier ass e Samschdeg am spéiden Nomëtteg, aus ongekläerte Grënn, vun der Strooss ofkomm an duerno vun de Klippen 30 Meter an d'Déift gefall.

D'Autoritéite fäerten, datt d'Zuel vun den Doudegen nach klamme kéint. D'Secouristen kommen net gutt bäi op der Plaz wou de Bus erofgefall ass.

Back to Top
CIM LOGO