
Zu Rohrbach-lès-Bitche am franséischen Département Moselle ass eng Koppel vu fréiere Fleegeelteren (71 a 69 Joer al) den 21. August 2026 formell ugeklot ginn. D'Justiz ënnersicht de Verdacht vu sexuellem Mëssbrauch, Vergewaltegungen, versichte Vergewaltegungen an anere Mësshandlungen u Kanner, déi bei hinnen ënnerbruecht waren.
D'Enquête huet 2022 ugefaangen, nodeems eng fréier Betraffen eng Plainte gemaach hat. D'Enquêteure konnten duerno ronn 50 fréier Kanner localiséieren, déi bei dëser Famill gelieft haten. Vun hinnen hu 26 Persounen ausgesot, Affer vu Gewalt oder sexuellem Mëssbrauch gewiescht ze sinn. D'Virwërf bezéie sech op eng Period vun ongeféier 20 Joer, tëscht 1997 an 2016.
D'Koppel koum an enger éischter Phas an Untersuchungshaft, bestreit awer all Virwërf. No engem Recours koume se nees op fräie Fouss. Bis d'Enquête ofgeschloss ass, stinn déi zwee awer ënner geriichtlecher Opsiicht.
Rohrbach-les-Bitche läit eng 40 Kilometer vu Saarbrécken, respektiv 120 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz.