
Wéi d'Police matdeelt, goufen et am Laf vun e Samschdeg de Moien dräi Messerattacken op dräi verschiddene Plazen an der hollännescher Stad. All Kéier soll de Verdächtegen implizéiert gewiescht sinn. De Verdächtege wier mam Auto vun enger Plaz op déi nächst gefuer, heescht et weider. Zwou Persoune wiere blesséiert ginn.
Déi éischt Attack war der Police no géint 9.30 Auer am Quartier Spangen westlech vum Zentrum. Déi zweet beim Marconinplein, enger wichteger Verkéiersachs. Zwee Männer, der Police no "zoufälleg Affer", wieren dobäi blesséiert ginn. Ee Mann koum an d'Spidol, deen anere gouf op der Plaz an der Ambulanz behandelt.
Eng hallef Stonn méi spéit war der Police nach eng versicht Attack mat engem Messer op enger Foussgängerbréck an der Géigend vum Fluchhafe gemellt ginn. D'Police geet dovun aus, datt all d'Attacke vun deem selwechten Täter koumen. E 26 Joer Alen aus Rotterdam, dee wuel mam Auto ënnerwee war.
Eng Enquête leeft.