
An enger Bar westlech vu Johannesburg sinn op d'mannst 17 Persounen ëmkomm, 15 goufe verwonnt, sou d'südafrikanesch Police e Sonndeg. Déi 8 Täter hätte Stuermgewierer bei sech gehat an hätten och sëllege Gäscht duerchsicht an hinnen d'Handyen ofgeholl. No der Dot wiere si mat zwee Gefierer geflücht. Do virdrun hu si zwee Ween a Brand gestach.
Geschitt ass dat e Samschdeg den Owend. Bei den Doudesaffer handelt et sech ëm 13 Männer a 4 Fraen.
Bei engem weidere Virfall mat Schosswaffe koum et an der Géigend vu Kapstadt an der Nuecht op e Sonndeg. Do sinn 10 Doudeger ze bekloen. Arméiert Männer sinn um 01:46 Auer an eng Bar gestiermt an hunn op d'Clientë geschoss, sou d'Police.
D'Motiver vun der Dot sinn nach onkloer. A Südafrika si vill legal an och illegal Waffen am Ëmlaf an arméiert Virfäll wéi dës geschéie relativ dacks. Rivalitéit tëscht kriminelle Bande stécht dacks dohannert. D'Land mat ronn 62 Milliounen Awunner huet mat ronn 60 Morden den Dag ee vun den héchste Mord-Tauxe weltwäit.