
Zanter dem Waffestëllstand am Oktober zejoert sinn 300 Kanner an der Gazasträif ëm d'Liewe komm. Dee Chiffer nennt d'Unicef. E Waffestëllstand, bei deem all Dag am Duerchschnëtt ee Kand stierft, wier e Versoen géintiwwer de Kanner. Dat sot den Unicef Regionaldirekter fir den Noen Osten an Afrika.
Donieft wieren am nämmlechten Zäitraum honnerte Kanner blesséiert ginn. Hien huet Israel an d'militant-islamistesch Hamas dozou opgeruff, d'Annoncen aus de leschten Deeg fir déi nächst Phas vun der Wafferou ëmzesetzen.
D'Kanner géifen ënner akuter Hongersnout, Krankheeten an net-propperem Waasser leiden, heescht et nach weider vun der Unicef.