Situatioun weider ugespaant5.000 bis 10.000 illegal Migranten nach zu Ceuta

RTL Lëtzebuerg
Zu Ceuta, dem spueneschen Territoire um nordafrikanesche Kontinent, war d’Situatioun de Weekend weider ugespaant.
© ANTONIO SEMPERE/AFP

Virun engem Mount waren iwwer 70.000 Marokkaner illegal op Ceuta, eng 5.000 bis 10.000 wieren nach ëmmer do. Op der Plaz ginn Anti-Migratiouns-Maniffen gemellt, mee och Ausernanersetzungen tëscht Migranten an de Sécherheetskräfte.

De spuenesche Premier Pedro Sanchez, deen huet e Méindeg de Moien dann eng Responsabilitéit vun de marokkaneschen Autoritéiten bei der Kris zu Ceuta formell ausgeschloss. Iwwert d'Ursaach géing nach enquêtéiert ginn, mee de Sanchez huet falsch Informatioune verantwortlech gemaach, déi vun enger "ultra-rietser Internationale" verbreet gi wieren.

Back to Top
CIM LOGO