
Bei Pluwig an der Géigend vun Tréier ass e Mëttwoch de Moien e Vëlosfuerer bei engem Accident gestuerwen. E Camion, dee wollt ofbéien, huet de Cyclist ze pake kritt, fir de 57 Joer ale Mann koum all Hëllef ze spéit.
De Camionschaffeur vu 34 Joer koum mat liichte Blessuren an d'Spidol.
Och d'Lëtzebuerger Air Rescue war am Asaz.