
6 EU-Länner, déi aktuell méi an den EU-Budget abezuelen, wéi si erauskréien, fuerderen, datt de Finanzplang fir d'Joren 2028 bis 2034 gekierzt gëtt. Aus enger gemeinsamer Deklaratioun vun Däitschland, Schweden, Finnland, Dänemark, Éisträich an Holland geet ervir, datt si d'Zomm equilibréiert ëm e puer Honnert Milliarden Euro wéilte reduzéieren. Déi aktuell Propos vun der EU-Kommissioun fir de pluriannuelle Budget läit bei knapp 2 Billiounen Euro. Dëse kann nëmmen eestëmmeg vun de 27 Regierungen ugeholl ginn.