
A Frankräich revoltéiere sech d'Lycéesschüler an d'Studenten iwwert d'Studiekonditiounen. Zu Paräis eleng waren en Dënschden eng 60 Lycéeë vun engem nationale Streik concernéiert.
Méi héich Inscriptiounsfraise fir d’Uni, Verschlechterung vun den Aide-logement, den APL an d'Enn vun de Kantinsplaten fir 1 Euro ... Dëst representéiert nëmmen eng Rëtsch vun de Menacen, déi d'Studenten-Gewerkschaften denoncéiert hunn. Dausende Studenten a Lycéesschüler waren un de Manifestatiounen uechtert Frankräich bedeelegt. D'Mobilisatioun stoung am Kontext vun engem nationale Streik vun de Mataarbechter aus dem ëffentleche Secteur, esou waren d'Studenten och am grousse Cortège vun der Fonction publique ze gesinn.
Op hiren Affichen hu si ënner anerem méi Sue fir d'Universitéiten an de Schutz vun de Logementshëllefe gefuerdert: "On est mobilisé contre la suppression des APL, énormément d'étudiants, c'est 200 000 étudiants à qui on va supprimer les APL, mais c'est aussi plein d'étudiants qui vivent dans la précarité tout le temps suite au mandat Macron qui ont appauvri les jeunes et les étudiants, c'est aussi contre les frais d'inscription racistes pour les étudiants étrangers, parce que c'est honteux que la fac pour tous c'est un droit et que tous les jeunes enfants doivent pouvoir faire des études."
D’Mobilisatioun huet sech och op d'Lycéeë verbreet. A ganz Frankräich ware méi wéi 400 Lycéeë betraff. D'Manifestante kritiséiere virun allem ze vill Schüler an de Klassen, ze wéineg Enseignanten an deelweis schlecht Infrastrukturen. De Mouvement huet virun e puer Deeg an der Paräisser Regioun ugefaangen a sech duerno op aner Deeler vum Land ausgebreet: "On n’a pas assez de moyens en classe, l’été derierpendant la canicule il faisait jusqu'à 40° dans certaines classes, c'est honteux on ne peut pas suivre comme ça on ne peut pas faire courts comme ça. A la place de pouvoir nous donner des moyens, soutenir l’interdiction au téléphone en achetant achetant des pochettes inutiles."
D'Studentenorganisatioune wëllen d'Mobilisatioun weiderféieren. Fir déi nächst Deeg sinn nei Blockade vun Universitéiten a Lycéeën ugekënnegt an de 6. Oktober ass eng weider grouss Jugendmanifestatioun geplangt. Fir de Moment bleift also d’Fro, ob d'Regierung op d'Fuerderunge vun de Studenten a Schüler reagéiert an ob d'Mobilisatioun an den nächsten Deeg nach méi grouss gëtt.