Nei Protester a Frankräich70.000 Sécherheetskräften de Weekend am Asaz

RTL mat AFP
Bei den Demonstratiounen, déi fir e Samschdeg a ganz Frankräich annoncéiert sinn, wäerten der Regierung no ronn 70.000 Sécherheetskräften agesat ginn.
Frankräich bereet sech op déi nächst Protester vir
Bei den Demonstratiounen, déi fir e Samschdeg a ganz Frankräich annoncéiert sinn, wäerten der Regierung no ronn 70.000 Sécherheetskräften agesat ginn.

Der franséischer Regierung no wäerten e Samschdeg am ganze Land 70.000 Sécherheetskräften am Asaz si bei den annoncéierte Protester. Dat sinn der 10.000 méi wéi de leschte Weekend. Och am Déngscht wäerte Spezialeenheeten a ronn 20 gepanzert Gefierer, grad esou wéi 15 Waasserwerfer sinn, sou den Inneminister Laurent Nunez e Freideg op enger Pressekonferenz.

De Nunez huet virun Online-Opriff zur Gewalt gewarnt, déi aus dem ultralénksen an dem lénksradikalen Eck géinge kommen. D'Regierung hat schonn Demonstratiounsverbueter an aner Limitatiounen ugekënnegt. Iewescht Zil wier et, "rëm zur Rou" ze kommen, sou den Emmanuel Macron en Donneschdeg. De President huet sech e Freideg mam Verdeedegungsrot a mat Sécherheetskräfte getraff a wollt duerno och Vertrieder vun de Schüler treffen.

All Prefektur kuckt hir lokal Situatioun a ka via arrêté Manifestatioune verbidden. Just erlaabt sinn déi Cortègen, déi vun Organisatiounen ugemellt sinn a wäit vu Geschäfter a Lokaler ewech stattfannen. Bis e Freideg den Owend kann eng Prefektur nach den Tracé vun de Cortègen adaptéieren. Zu Paräis soll dat zum Beispill scho geschitt sinn. An de sensibelen Zone bleiwen déi verhaangen Ausgangsspäre bestoen. Freedefeier, Knupperten a Bensinn dierfen net transportéiert ginn.

Leschte Weekend war et a Frankräich um Rand vun den Demonstratioune géint ze héich Liewenskäschten a Mëssstänn am Bildungssystem zu massiven Ausschreidunge komm. Dobäi waren Dausende Geschäfter, Märeien, Policebüroen an aner Gebaier ugegraff an zum Deel a Brand gesat ginn. D'Reaktioun vun den Autoritéiten dorop waren Ausgangsspären, déi an enger Rei Groussstied ausgeruff gi waren.

Back to Top
CIM LOGO