
Iwwer 30 Joer nom Mord un enger US-Touristin zu Koblenz, wäert dee Fall elo awer héchstwarscheinlech nach kënnen opgekläert ginn. En Dënschdeg de Moie fänkt nämlech de Prozess géint en haut 81 Joer ale Mann un. Hie kritt vum däitsche Parquet Mord reprochéiert.
Enn Februar dëst Joer gouf de Mann am Altersheem verhaft, well nei Spueren zimmlech eendeiteg beleeë sollen, dass hien d'Fra 1994 wuel ëmbruecht huet. Nei DNA-Preuve géife wéineg Zweifel loossen.
Derbäi kéim, dass de Mann joerzéngtelaang ëmmer nees wéinst Sexualdelikter opgefall ass an och schonn dowéinst am Prisong souz. Hien hätt de Mord am Laf vun der Untersuchungshaft och schonn zouginn.