Vun e Freideg bis e SonndegA Russland gëtt en neit Parlament gewielt

AFP, iwwersat vun RTL
D'Partei vum President Wladimir Putin gëllt elo schonn als Gewënner vun de Walen.
© IGOR IVANKO/AFP

A Russland fänken e Freideg de Mueren déi éischt Parlamentswalen a Russland zënter der grouss ugeluechter Offensiv an der Ukrain virun iwwer véier an d'halleft Joer un. Bei der Ofstëmmung, déi nach bis e Sonndeg dauert, bei där et ëm 450 Sëtz an der Staatsduma geet, ass eng Victoire vum Wladimir Putin senger Partei "Gëeenegt Russland" praktesch sécher. Zougelooss zu der Wal sinn nëmmen aner Kreml-trei Parteien. Zäitgläich lafen a Russland dann och nach d'Regional- an d'Kommunalwalen.

D'Anti-Krichspartei Jabloko gouf eréischt leschte Mount vun de Parlamentswalen a Russland ausgeschloss. De Kreml gesäit d'Resultat als Stëmmungsbarometer un, well de Krich an der Ukrain ëmmer méi Auswierkungen op déi russesch Ziviligesellschaft huet. Iwwregens wäert een och an de vu Russland besate Gebidder an der Ukrain kënne wielen goen.

Back to Top
CIM LOGO