
A Serbien sollen et dem President Aleksandar Vucic no am Oktober virgezunne Parlamentswale ginn. D'Ofstëmmung soll deemno viraussiichtlech den 18. oder de 25. Oktober sinn, an domadder iwwert e Joer éischter, wéi an sech geplangt. Dat sot hien en Donneschdeg den Owend op der Tëleeschaîne RTS.
A Serbien ginn et zënter iwwert annerhallwem Joer Protester géint d'Regierung an d'Korruptioun déi et am Land gëtt. Eng vun de Fuerderungen vun den Demonstrante si virgezunne Neiwalen.
De Vucic hat Enn Juni bei engem Evenement vu senger Partei zu Belgrad annoncéiert gehat, säin Amt "an noer Zukunft" wëllen néierzeleeën. Zu Belgrad ginn et Spekulatiounen, dass de Vucic nees d'Amt vum Regierungschef wéilt ustriewen, en Amt, dat hie scho vun 2014 bis 2017 viru sengem Posten als President hat.