
A Spuenien ass der Guardia Civil e grousse Coup gelongen. E kriminelle Reseau am Mëttelmierraum gouf opgedeckt. D'spuenesch Police mellt iwwer 80 Festnamen an deem Kontext.
D'Brigange sollen Droge geschmuggelt hunn, an och eng 2.000 Mënschen illegal an d'Land geschleist hunn.
Den Enquêteuren no handelt et sech ëm eng vun de komplexsten, aktiivsten a geféierlechste kriminellen Organisatiounen, déi jee an der Regioun opgeflu sinn.
Nieft de Festnamen a Spuenien an Algerien sinn och eng 18 séier Motorbooter beschlagnaamt ginn. Domat wären Drogen a Migranten vun Algerien a Spuenien transportéiert ginn, heescht et.