Nei Donnéeë vu CopernicusA Westeuropa war et am Juni an am Juli esou waarm ewéi nach ni

RTL Lëtzebuerg
A Westeuropa war et am Juni an am Juli esou waarm ewéi nach ni. Dat confirméieren elo déi neist Zuele vum EU-Klimaobservatoire Copernicus.
De Floss Garonne zu Toulouse war den 9. August bal ausgedréchent.
De Floss Garonne zu Toulouse war den 9. August bal ausgedréchent.
© FREDERIC SCHEIBER/Hans Lucas via AFP

D'Moyenne vun der Temperatur an der Regioun, an där och Lëtzebuerg läit, louch an deene leschten zwee Méint bei 21,62 Grad Celsius. Dat sinn 2,79 Grad méi ewéi de Referenzwäert tëscht 1991 an 2020. Esou eng Moyenne gouf a Westeuropa nach net gemooss, zanter dass d'Temperaturen opgeschriwwe ginn.

Copernicus relativéiert d'Resultat awer: well et an Ost-Europa a Skandinavien e gutt Stéck méi kill war, war et mat enger Moyenne vun 20,49 Grad just deen 11. wäermste Juli, wann een Europa ganz kuckt. Weltwäit war et mat engem Duerchschnëtt vu 16,90 Grad awer deen zweetwäermste Juli. Och d'Weltmierer waren esou waarm ewéi nach ni am Juli. Mat enger Moyenne vun 20,96 Grad déi op der Surface vum Waasser gemooss gouf, esou Copernicus.

Och Flëss leide wéinst der Dréchent. Am Rhäin ginn aktuell historesch Déifstänn gemooss. D'Schëfffaart spiert den Impakt enorm. Eng Federatioun aus der Branche warnt elo souguer, dass den Transport am mëttleren Tronçon vum Floss kéint ënnerbrach ginn, well d'Waasser do ze niddreg wär. Domat wär de Rhäin gespléckt, warnt de Chef vun der Federatioun an der Rheinischen Post.

A Spuenien an och a Frankräich sinn nei Bëschbränn ausgebrach

A Südfrankräich gëtt et zanter e Sonndeg en neit Feier am Departement Lozère, eng 140 Kilometer nërdlech vu Montpellier. Hei goufen zwee Dierfer evakuéiert.

Am Südweste vu Spuenien an der Provënz Huelva goufe bis ewell 8.000 Hektar vun de Flamen erfaasst. Och wann der Regionalregierung vun Andalusien keng Uertschaften direkt a Gefor wären, goufe 500 Awunner a Sécherheet bruecht. Ronn 500 Pompjeeë kämpfe géint d'Flamen. 200.000 Hektar Bësch hunn dëst Joer a Spuenien scho gebrannt, bei 40 grousse Bränn bis elo, beklot de spueneschen Ëmweltministère.

Back to Top
CIM LOGO