Ënnert de Gäscht vun engem Restaurant zu Bordeaux goufen 10 Vergëftungen an een Doudesfall registréiert.

Si solle sech duerch d'Consomatioun vu Sardinnen aus der Béchs mat Botulismus infizéiert hunn.

Déi franséisch Gesondheetsautoritéiten hunn d'Leit, déi an der leschter Woch am Restaurant giess hunn dozou opgeruff, direkt en Dokter ze kontaktéieren, wa Symptomer vun der Krankheet bei hinnen optrieden.

Déi meescht vun de bis ewell bekannten Affer kommen aus Däitschland, Kanada an den USA. Si haten d'lescht Woch an enger Wäi-Bar ageluechte Sardinne giess, déi antëscht als Ausléiser vun der Krankheet identifizéiert goufen.

Beim Doudesaffer handelt et sech ëm eng 32 Joer al Fra aus dem Groussraum Paräis. Hire Partner war och vun der Krankheet betraff, huet awer iwwerlieft. 5 Affer hu missten am Spidol kënstlech beotemt ginn.

Bei Botulismus handelt et sech ëm eng Krankheet, déi a 5 bis 10 Prozent vun de Fäll déidlech ass. Zu de Symptomer gehéiere Bauchwéi, Iwwelzegkeet, Duerchfall, eng verwackelt Vue, Probleemer beim Ootmen a Schlécken, Lämungen a Muskelschwächt.