Eng europawäit Etüd iwwert d'Drénkwaasser weist d'Belaaschtung vun dësem. PFAS-Pesitziden kéinten zum Problem fir d'Qualitéit ginn.

Ofbauproduit vu Pestizide bereet Suergen / Reportage Diana Hoffmann

Déi gutt Noriicht virop. Lëtzebuerg huet proppert Drénkwaasser. Déi manner gutt: Wann net opgepasst gëtt, kéint dat iergendwann net méi de Fall sinn. Dat ass op d’mannst eng vun de Conclusiounen, déi aus der Auswäertung vun enger Partie Prouwen, déi d’Pesticide Action Network Europe, kuerz PAN-Europe an 11 EU-Länner geholl huet, ka gezu ginn. Dat och hei am Land. Getest ginn ass, wéi vill vun der sougenannter "Éiwegkeetschemikalie" TFA, also Trifluorigseier, am Waasser ass.

Dem haitege Stand vun der Wëssenschaft no wier de Seuil, vun deem un TFA als bedenklech gëllt, an de Prouwen nach net depasséiert ginn. "Et ass net, fir Panik ze maachen. Et ass awer esou, dass d’Drénkwaasser eben duerch déi Substanz belaascht gëtt an déi Belaaschtung amgaangen ass, an d’Luucht ze goen", seet de Roger Dammé vum Mouvement écologique. De Mouvement écologique ass och Member vu PAN-Europe, an huet e Mëttwoch d’Resultat vun der Etüd presentéiert.

Beim TFA handelt et sech ëm en Ofbauproduit vun diverse Substanzen. "Ee vun den Haaptgrënn, wisou een et am Drénkwaasser erëmfënnt, sinn d’Pestiziden, déi agesat ginn", ënnersträicht de Roger Dammé. An Europa géingen et eng 30 verschidde Pestizide ginn, déi als PFAS-Pestizide klasséiert ginn. Dës hunn als Ofbauproduit den TFA. Well dëse just extreem schwéier kann ofgebaut ginn, gëtt en och nach als "Éiwegkeetsschemikalie" bezeechent.

Antëscht wieren och ëmmer méi Réckstänn an Uebst a Geméis ze fannen, weise Studie vu PAN-Europe. Dat och duerch Killmëttel, wéi et ënner anerem an Autoen, Klimaanlagen, Frigoen, oder aneren Apparater gebraucht gëtt. Ma och duerch den Traitement vum Waasser an industriell Verschmotzunge kënnt TFA an d’Natur.

Mat de gemoossen TFA-Wäerter läit Lëtzebuerg am Mëttelfeld vun den 11 europäesche Länner, an deene Prouwe geholl goufen. Den Duerchschnëttstaux, dee gemooss gouf, läit hei bei 660 Nanogramm pro Liter. Den EU-Duerchschnëtt bei 750. Wou d’Prouwe geholl goufen, wëll de Roger Dammé net soen. Et géing sech schliisslech ëm net-representativ Zoufallsprouwen handelen.

Auswierkunge vun TFA op d’Gesondheet

Wat d’Auswierkung vun der Belaaschtung op d’Gesondheet vun de Mënschen ass, kéint bis elo nach net kloer definéiert ginn, well trotz enger grousser Verbreedung nach net vill wëssenschaftlech Etüde gemaach gi wieren. "Ee vun de gréisste Feeler ass geschitt, wou d’Liewensmëttelagence viru Joren den TFA als eng onbedenklech Substanz agestuuft huet", mengt de Roger Dammé. Dowéinst géing et och nach keng Indikatioune ginn, wat d’Grenzwäerter ugeet.

De Roger Dammé betount dann awer nach eng kéier: "Et ass net fir Panik ze schloen, eist Drénkwaasser ass duerchgoend vun enger relativ gudder Qualitéit". D’Waasserverwaltung géing dëst och permanent am A behalen, och wat den TFA-Wäert ugeet. Ma et misst trotzdeem gehandelt ginn. Fuerderunge vum Mouvement écologique sinn, dass den Asaz vu PFAS-Pestizide muss verbuede ginn. De Bauere soll beim Ersatz vu PFAS-Pestiziden duerch aner, Forme vu Planzeschutzmëttel, an deenen am Idealfall keng Chemikalie sinn, gehollef kréien. Op EU-Niveau soll e Grenzwäert fir TFA am Drénkwaasser festgeluecht ginn, fir séchert Drénkwaasser ze garantéieren. Wann da Waasser muss wéinst chemescher Veronrengegung propper gemaach ginn, soll hei de Verursaacherprinzip gëllen.

Ëmweltministère reagéiert op d'Etüd vu PAN Europe

An engem Schreiwes deelt den Ëmweltministère mat, dass hei zu Lëtzebuerg den TFA zanter zejoert am Drénkwaasser surveilléiert gëtt. Dobäi gouf festgestallt, dass den TFA -Taux ka bis 900 Nanogramm pro Liter eereechen. Iwwer 6.000 Analyse géinge pro Joer gemaach ginn. Dem aktuelle Wëssensstand no géing bei de gemoosse Wäerter keng Gefor fir d’Gesondheet bestoen. 
D’Regierung géing dann och aktiv d’Initiativen op EU-Niveau ënnerstëtzen, fir d’Produktioun, de Verkaf an de Gebrauch vu PFAS-Pestiziden ze verbidden. Doriwwer eraus géing fir eng EU-Harmoniséierung vun de Sécherheetslimitte fir TFA-Wäerter plaidéiert ginn.