E progressiven, alen, wäisse MannDen Tim Walz soll Wieler uschwätzen, déi d'Kamala Harris net erreeche kann

RTL Lëtzebuerg
Mam Tim Walz hunn d'Demokrate sech fir e Vizepresidentschaftskandidat decidéiert, deen déi méi zentristesch, demokratesch Wieler soll uschwätzen.
© MATTHEW HATCHER AFP

D’Decisioun ass gefall. De 60 Joer alen Tim Walz ass der Kamala Harris hire Kandidat fir de Poste vum Vizepresident.

Ma wien ass de Mann, deen am November un der Säit vun der aktueller Vizepresidentin an d’amerikanesch Presidentschaftswale geet, a firwat ass de Choix op hie gefall?

E Liewenslaf, dee wéineg uneckt

Wann ee sech den Tim Walz ukuckt, falen engem zwou Saachen direkt an d’A: hien ass al a wäiss. Ma och wann ee sech säi Liewenslaf virun der Politik ukuckt, fënnt ee wéineg Opfälleges. De Walz kënnt de 6. Abrëll 1964 am Bundesstaat Nebraska op d’Welt. No der Schoul studéiert hien a kritt 1989 en Diplom am Ënnerriichte vu Sozialwëssenschaften. Duerno gëtt hie Geographiesproff un enger High School am Bundesstaat Minnesota, wou hien och Trainer vun der American-Football-Ekipp gëtt, mat där hie schliisslech de Championnat vum Bundesstaat gewënnt.

En anere wichtegen Deel vum Walz sengem Liewen ass d’Arméi. Scho mat 17 Joer trëtt hien der National Guard, der Reserve vun der US-Army, bäi. Wärend senger Zäit als Reservist gëtt hien ënner anerem no den Terrorattacke vum 11. September am Kader vun der “Operation Enduring Freedom” an Europa stationéiert.

Déi éischt politesch Erfarung sammelt den Tim Walz vergläichsweis spéit a sengem Liewen. 2004, also mat 40 Joer, engagéiert hie sech an der Campagne vum deemolegen demokratesche Presidentschaftskandidat John Kerry. 2006 trëtt hie schliisslech op déi national politesch Bün. Bei de Wale fir d’US-Representantenhaus trëtt hien am éischten Distrikt vu Minnesota un a gewënnt géint de republikaneschen Deputéierte Gilbert Gutknecht. 2018 wënnt de Walz dann d’Wal fir Gouverneur vu Minnesota ze ginn. E Posten, deen hie bis haut huet.

Als Politiker wierkt de Walz, wéi dat personaliséiert Géigendeel vum Washingtoner Politik-Betrib. Hien geet op d’Juegd an ass reegelméisseg op Landwirtschaftsfoiren ze gesinn.

Wieler uschwätzen, déi d’Harris net kann erreechen...

Dëse “guttbiergerleche” Liewenslaf an de Fait, dass de Walz bewisen huet, dass hie bei der Wielerschaft vun engem éischter ländlech gepräägte Bundesstaat ewéi Minnesota punkte kann, dierften déi zwee Haaptgrënn fir dem Walz seng Nominatioun sinn. D’Demokraten hoffe wuel drop, dass de Walz Wielerschichten uschwätze kann, déi d’Harris als schwaarz Fra aus Kalifornien net erreecht. Mënschen, déi sech mam rietse Fligel vun den Demokraten identifizéieren, kéinte sech schwéier doen, e Kamala Harris ze wielen. D’Aussiicht drop, dass e wäisse Mann, deen op den éischte Bléck, wéinstens mat sengem Liewenslaf fir dat traditionellt Amerika steet, mat an d’Wäisst Haus kënnt, kéint dës Wieler dozou bréngen, awer fir d’Demokraten ze stëmmen, amplaz bei d’Republikaner ze wiesselen oder net ze wielen.

...an dobäi trotzdeem net déi demokratesch Basis verléieren

Ma trotz sengem “traditionelle” Liewenslaf huet den Tim Walz sech a senger politescher Karriär konstant duerch liberal a progressiv Positiounen ervirgedoen.

Scho wärend senger Zäit als Proff war hie Beroder vun der “Gay-straight Alliance” enger Associatioun vu queeren an heterosexuelle Schülerinnen a Schüler. An och a senger Zäit als Deputéierten am Representantenhaus huet hie konstant fir progressiv Positioune gestëmmt. Eenzeg wann et ëm d’Recht op de Besëtz vu Waffe goung, war hie méi konservativ ewéi de Rescht vu senger Partei. Dat well vill Wieler a sengem ländleche Walbezierk Waffebesëtzer sinn.

Ma virun allem als Gouverneur huet de Walz vill liberal a progressiv Gesetzer op de Wee bruecht an ëmgesat. Wärend senger Amtszäit goufen am Minnesota ënner anerem Cannabis legaliséiert, d’Recht op Ofdreiwung gouf gestäerkt an et gouf gratis Schoul-Iesse fir all Schüler agefouert.

E Kandidat, dee wéineg bekannt ass

De Walz huet awer och Schwaachpunkten. D’Republikaner hunn hien ënner anerem wéinst senger Gestioun vun de Protester, déi nom Doud vum George Floyd am Joer 2020 am Minnesota ausgebrach waren, kritiséiert. Hei hätt hien ze spéit d’National Guard agesat, fir d’Situatioun ze berouegen.

Eng weider zentral Schwächt, ass dem Walz seng geréng Bekanntheet op nationalem Niveau. Bei Ëmfroe koum eraus, dass nëmmen 23 Prozent vun den Amerikaner iwwerhaapt genuch iwwert hie wëssen, fir sech eng Meenung vun him ze maachen.

D’Demokrate kéinten ze wéineg Risiko agaange sinn

Mam Tim Walz als Kandidat fir de Poste vum Vizepresident hunn d’Demokrate quasi de séchere Wee ageschloen. Ma d’Saach bei séchere Weeër ass déi, dass op hinne wuel keng gréisser Geforen, dofir awer och keng gréisser Schätz laueren. De Walz ka wuel méi traditionell orientéiert Wieler uschwätzen. Wann ee sech allerdéngs Minnesota ukuckt, dann ass dëse Wuel e sougenannte Swing State, allerdéngs deen, an deem d’Chance fir d’Demokraten, de leschten Ëmfroen no, och scho virum Walz senger Nominatioun am beschte stoungen.

Däitlech méi knapp ass d’Situatioun am Pennsylvania, wou mam Josh Shapiro och en Demokrat Gouverneur ass. Eng Nominatioun vum Shapiro hätt den Demokraten an engem ganz enk ëmkämpfte Bundesstaat vläicht e Virdeel bruecht. Allerdéngs hätt een der Parteibasis an dem Stammwieler dann och e Vizepresidentschaftskandidat misse verkafen, dee sech fir d’Fërderung vu Privatschoulen agesat huet, a sech beim Thema vum Leed vun der palästinensescher Zivilbevëlkerung ganz bedeckt hält. Et wier e Choix gewiescht, dee mat méi Risiko, dofir awer och mat engem potenziell méi grousse Gain verbonne gewiescht wier.

Back to Top
CIM LOGO