Am Virfeld vun den US-Presidentiellen hu mir mam William Abundes vun de "Republicans Overseas" zu Lëtzebuerg geschwat.

"Republicans Overseas" wier en éischter klenge Grupp hei zu Lëtzebuerg, erkläert hire Member, de William Abundes. Am Allgemenge géif et d'Republikaner net esou staark an d'Ausland zéien ewéi d'Demokraten. Dat hätt domat ze dinn, dass den Demokraten, dat "sozialistescht Ëmfeld" wuel besser géif gefalen ewéi de Republikaner. De Sënn vun de "Republicans Overseas" wier et d'Republikaner zu Lëtzebuerg zesummenzebréngen, politesch Iddien ze entwéckelen a mat anere Leit ze deelen. Et géif een awer mierken, dass déi eege politesch Usiichten zu Lëtzebuerg net op besonnesch vill Begeeschterung géifen treffen.

Déi typesch Member vun der Republikanescher Partei wiere konservativ ausgeriicht. Dat géif een dorun erkennen, dass si léiwer e klenge Staat hätten, dee sech net ze vill an hir Ugeleeënheeten amëscht. Jee manner Staat, desto besser. En ze grousse Staatsapparat wier ineffizient an deier.

Ausserdeem géifen d'Republikaner ganz staark un der US-Constitutioun festhalen, besonnesch un den zwee éischten Zousazartikelen. Dobäi géif den éischten Zousazartikel, an deem d'Recht op eng fräi Meenungsäusserung festgehalen ass, och "Hate Speech" mat abegräifen. Och d'Recht op Waffebesëtz wier enorm wichteg. Dës Rechter géife vu Gott kommen an de Mënsch dierft se deementspriechend net ofschafen.

Nott vun der Redaktioun: An der Suite vum Interview huet den Här Abundes eng Partie Undeitungen an Aussoe gemaach, déi seng perséinlech Siicht erëmspigelen. Allerdéngs gouf en Deel vu senge Behaaptungen an enger Partie Faktenchecke widderluecht.

De William Abundes ass optimistesch, dass den Donald Trump d'Walen de 5. November wäert gewannen. Dësen hätt sech scho wärend senger éischter Amtszäit als kapabele President erausgestallt. Verschidde Leit, géifen dann och behaapten, dass d'Corona-Pandemie, déi wärend dem Donald Trump senger Amtszäit lassgaangen ass, geplangt war. Dem William Abundes no wier et schonn ongewéinlech, dass den Anthony Fauci zwee Joer viru Corona virun enger Pandemie gewarnt hätt an de Vaccin vu Moderna zwee oder dräi Joer virun der Pandemie entwéckelt gi wier*.

Dat zentraalt Thema bei de Wale misst dem Vertrieder vun de Republikaner no d'Ekonomie sinn. Den amerikaneschen Zentralstaat géif ze vill Suen ausginn, ënner anerem fir de Krich an der Ukrain. Dat géif mat zu der staarker Inflatioun bäidroen. Ma och d'Immigratioun géif zu den héije Staatsausgabe bäidroen. Déi national Katastrophen-Agence FEMA hätt dann och bei de rezenten Hurrikanen a Florida an Georgia net richteg kënnen hëllefen, well hir Mëttel gebonne wieren, fir Immigranten ze hëllefen, déi illegal an d'Land komm wieren.** Am Allgemenge wieren d'Präisser den Ament einfach ze héich, sief beim Bensinn, de Liewensmëttel oder soss anzwousch.

Wann et ëm déi transatlantesch Bezéiunge geet, géif e President Trump de Krich an der Ukrain op déi eng oder aner Manéier op en Enn bréngen. Et hätt een de Konflikt iwwerdeems scho vun Ufank u missen anescht léisen. Och wann een dat - och op Säite vun de Republikaner - eigentlech net géif gutt fannen, hätt een d'Ukrain dozou misse bréngen, en Deel vun hirem Territoire kuerzfristeg u Russland ofzetrieden. De Verloscht vu Liewen an de materielle Schued, zu deem et antëscht komm wier, kéint ee bannent den nächsten zéng-fofzéng Joer net reparéieren.

Et wier dann och scho verhandelt ginn. Ma en ukraineschen Diplomat, deen e Friddensaccord mat Russland ënnerzeechent gehat hätt, wier um Wee fir heem, ëmbruecht ginn, seet de William Abundes.*** De William Abundes ass sech dann och net sécher, ob de Putin esou schlëmm wier, ewéi dat an Europa gemengt gëtt. Russland hätt esouguer versicht, der Allianz bäizetrieden ma wier zeréckgewise ginn.****

Zu der Demokratescher Partei huet de William Abundes gemengt, dass dës ze extreem gi wier. Si hätten et mat der Ofdreiwung iwwerdriwwen. Wann e Kand bis iwwerliewensfäeg wier, géif et sech net méi ëm Ofdreiwung mä ëm Euthanasie handelen. A Dänemark wier Euthanasie eng Zäit laang legal gewiescht, hätt sech awer dunn nees dogéint decidéiert.*****

D'Demokrate wieren am Allgemengen ze extreem ginn. Esou wier den Tim Walz praktesch schonn e Kommunist an och bei der Kamala Harris misst ee sech Froe stellen. Hier Papp wier ëmmerhin e marxistesche Ekonomist gewiescht.

Ma och wann d'Kamala Harris Presidentin sollt ginn, géif de William Abundes drop hoffen, dass d'USA an der Welt déi richteg Saache mécht. Hie géif hoffen, dass si déi richteg Decisioune géif huelen. Dru gleewen, géif hien awer net.

* Moderna huet am am Januar 2020 annoncéiert, dass een zesumme mam amerikaneschen "National Institute of Health" un engem Vaccin, géint de Covid 19 géing schaffen. De Virus hat deen Ament offiziell nach keen Numm. Allerdéngs beweist dat net, dass d'Coronapandemie geplangt war, wéi an dësem Faktencheck vu Reuters erkläert gëtt.

** D'Behaaptung, dass Fema keng Sue gehat hätt, fir sech ëm Hurrikan-Affer ze këmmeren, well all d'Ressource géife gebraucht ginn, fir illegal Migranten ze versuergen, gouf a verschiddene Faktenchecke widderluecht, ënner anerem vun der Deutschen Welle a vun NPR.

*** Et loosse sech keng Beweiser dofir fannen, dass um Ufank vum Krich e Friddensvertrag tëscht der Ukrain a Russland ënnerschriwwe gouf. D'Verhandlungen op der Basis vum sougenannten Istanbuler Communiqué vum 29. Mäerz 2029 sinn op en Enn gaangen, ouni dass en Accord ënnerschriwwe gouf. D'Grënn dass, dass d'Verhandlungen deemools am Sand verlaf sinn, gesinn Experten engersäits doran, dass Russland sech geweigert huet, iwwert de vëlkerrechtleche Status vun der Krim ze verhandelen. Anerersäits awer och doran, dass déi westlech Alliéiert vun der Ukrain de Prozess net mat genuch Nodrock ënnerstëtzt hätten. D'Verhandlunge sinn no der Eruewerung vu Mariupol den 19. Mee 2022 formell ofgebrach ginn. Als Rechtfäerdegung fir den Ofbroch goufe vu westlecher Säit och déi zivil Affer bei de Massaker zu Irpin a Butscha genannt.

**** Tatsächlech huet de Wladimir Putin am Joer 2000 Interessi geäussert, der NATO bäizetrieden. Dat huet de fréieren NATO-Generalsekretär George Robertson matgedeelt. Allerdéngs hätt Russland ni eng offiziell Demande agereecht, fir der Allianz bäizetrieden. De Putin hätt verlaangt, dass Russland an d'NATO "ageluede" gëtt. Wéi de Robertson him du gesot hätt, dass en NATO-Bäitrëtt nëmmen iwwert de Wee vum offizielle Bäitrëttsprozess méiglech wier, hätt de Putin gesot, dass Russland sech net un d'Enn vun enger Schlaang vun onwichtege Länner wäert stellen. Russland huet deemno ni eng offiziell Demande fir en NATO-Bäitrëtt agereecht.

***** Obwuel d'Thema Euthanasie an Dänemark vill diskutéiert an debattéiert gëtt, ass déi aktiv Stierfhëllef an deem skandinavesche Land nach ëmmer verbueden. Déi passiv Stierfhëllef, bei där D'Doktere Mesuren, déi d'Liewe verlängeren, ofbriechen, wann de Patient dat verlaangt, dass zanter 1992 legal.