De Robert Francis Prevost ass den éischte Poopst aus den USA
Kuerz no 18 Auer en Donneschdeg ass wäissen Damp aus dem Schaarschtech um Daach vun der Sixtinescher Kapell komm.
Et huet deemno nëmme ronn 24 Stonne gedauert, bis d'Kardineel sech op en neie Poopst gëeenegt haten.
Ma déi Gleeweg, déi no der Annonce, dass den neie Pontifex feststeet, zu Dausenden op d'Péitersplaz gestréimt sinn, hu sech nach missen eppes iwwer eng Stonn gedëllegen, bis den Numm vum neie Poopst gewosst war. Kuerz no 19.15 Auer huet et um Balcon vum Péitersdoum "Habemus Papam" geheescht. De Robert Francis Prevost ass zanter en Donneschdegowend als Leo XIV. den neie Poopst.
Den neie Poopst gëllt als gedam-progressiv
Den neie Poopst gouf de 14. September 1955 zu Chicago am US-Bundesstaat Illinois an den USA gebuer. Hien huet op der Villanova University Mathematik a Philosophie studéiert. Nom Ofschloss a béide Fächer ass hien 1977 an den Augustineruerden agetrueden. 1982 gouf hien zum Paschtouer geweit. Dräi Joer drop gouf hien op der Peepstlecher Universitéit vum Hellegen Thomas vun Aquin zu Roum zum Dokter vun der Theologie promovéiert.
Vun 1985 bis 2001 huet de Robert Francis Prevost a verschiddene Funktioune fir den Augustineruerden a Peru geschafft.
Duerno war hie vun 2001 bis 2013 ieweschte Vertrieder vum Augustineruerden zu Roum. 2014 gouf hie vum Poopst Franziskus zum Bëschof an zum apostouleschen Administrateur vun Chiclayo a Peru ernannt. De 26. September 2015 gouf hie Bëschof vun Chiclayo.
2019 gouf de Prevost fir fënnef Joer zum Member vun der Kongregatioun fir de Klerus beruff an 2020 gouf hie Member vun der Kongregatioun fir d'Bëscheef.
Den 30. Januar gouf hie vum Poopst Franziskus zum Äerzbëschof ernannt an den 30. September gouf hien zum Kardinol ernannt.
De Robert Francis Prevost ass fir e méi staarkt Abanne vu Fraen, hie setzt sech fir sozial Gerechtegkeet an, ënnerstëtzt Reformen nom Virbild vum Franziskus an hien thematiséiert Mëssbrauchspreventioun an Transparenz. Hie gëllt och als weltoppen.
Deen éischten amerikanesche Poopst schwätzt Englesch, Spuenesch an Italieenesch.
"Fridde sief mat Iech all"
De Leo XIV. huet sech dann och vum Balcon vum Péitersdoum aus un déi Gleeweg op der Péitersplaz an op der ganzer Welt geriicht. "Fridde sief mat iech all" sot hien. Hien huet e Grouss vum Fridden un "alleguer d'Vëlker an déi ganz Äerd" geschéckt. Iwwerdeems huet hien och sengem Virgänger dem Poopst Franziskus geduecht.