"Ech ka mer ee Liewen als onofhängegen Deputéierte wonnerbar virstellen"
De Lëtzebuerger EU-Deputéierte vun der ADR schléisst awer och net aus, datt e bei eng aner Fraktioun wiesselt.
An éischter Linn hätt hie sech dofir agesat, datt de Krich e bëssi méi human gëtt an d'Ziviliste besser geschützt ginn, esou de Fernand Kartheiser. Eng Fuerderung wier och gewiescht, datt d'Rechter vu Minoritéiten an deene Gebidder, déi vu Russland besat sinn, respektéiert ginn. Wat soll dann iwwerhaapt mat deene Gebidder nom Krich geschéien, solle se zu Russland oder zur Ukrain gehéieren?
"Dir wësst, datt dat doten eng Fro ass, déi elo an de Verhandlungen ass. Prinzipiell hunn ech ëmmer nëmme geschwat vun deenen Territoiren ënnert russescher Administratioun. Dat heescht ech hunn ni gesot, déi wären Deel vu Russland oder Deel vun der Ukrain, ech hu mech ëmmer drop beschränkt fir ze soen, déi Territoiren, déi den Abléck ënnert russescher Administratioun sinn. Ech weess, datt alles anescht iwwert dat erausgaange wier, wat ech als klenge Lëtzebuerger Diplomat soe kann."
Seng Fraktioun am EU-Parlament, d'EKR, huet de Fernand Kartheiser schaarf fir seng Rees op Moskau kritiséiert. De 4. Juni wäert d'Fraktioun beieneekommen, fir doriwwer ze decidéieren, ob den ADR-Politiker ausgeschloss gëtt oder net. Hie wéilt déi Geleeënheet notzen, fir sech ze erklären.
"Also die Hoffnung stirbt zuletzt, ech weess net, wien dat alles scho gesot huet, ech och. Mee ech gi selbstverständlech dohin, also ech hunn net wëlles do iergendwéi virun der Dier ze stoen an ze waarden, datt iergendeen erauskënnt mat enger Decisioun. An ech wäert do och soen, wat ech vun Argumenter halen, déi eventuell virbruecht ginn."
Wéi geet et dann am Fall vun engem Ausschloss fir den EU-Deputéierte virun?
"Ech soe just, ech fäerten net fir meng Zukunft, ech wäert mech ni langweilen am Europäesche Parlament. Wann ech sollt ausgeschloss ginn, hypotheetesch, kucken ech wat geschitt. Ech ka mer ee Liewe wonnerbar virstellen als onofhängegen Deputéierten. Et kann natierlech och sinn, datt Offeren, déi gemaach goufen oder nach gemaach ginn, eis kéinten interesséieren oder datt mer déi wéilten diskutéieren."
Dono gefrot, ob d'ADR am Fall vun engem Ausschloss vum Fernand Kartheiser aus der EKR-Partei austriede wäert, huet d'Parteipresidentin Alexandra Schoos gemengt, datt si dat net wëlles hätt. Si wier bis elo och nach net doriwwer informéiert ginn, datt d'EKR d'ADR als Partei ausschléisse wéilt. Déi Rumeur zirkuléiert allerdéngs hannert de Kulissen.