Den Olaf Lies, Ministerpresident vu Niedersachsen, huet e Vëlosfuerer bei engem Accident mat sengem Déngschtwon verwonnt, d'Police ermëttelt.

Bei engem Accident mat der Déngscht-Limousine vum Olaf Lies, dem Ministerpresident vu Niedersachsen, ass en Donneschdeg de Moien e Vëlosfuerer blesséiert ginn. Dat huet d'Staatskanzlei zu Hannover matgedeelt.

Den Accident huet sech virun der Offaart vum SPD-Politiker op engem Rendez-vous beim Rëschtungskonzern Rheinmetall zu Unterlüß ofgespillt. Wéi säi Spriecher erkläert, hätt de Lies beim Opmaache vun der Autosdier de Cyclist beréiert an deen esou zum Fale bruecht. Dësen huet sech dobäi um klenge Fanger an un der lénker Hand verletzt.

De Ministerpresident bedauert den Tëschefall an huet op der Plaz gewaart a sécher gestallt, datt d'Versuergung vum Vëlosfuerer garantéiert ass, esou nach de Spriecher.

Trotzdeem ermëttelt d'Police elo net nëmme wéinst onfräiwëlleger Kierperverletzung géint de Lies, mee och wéinst onerlaabtem Verloosse vun der Plaz vum Accident.

Dat wier dem Spriecher no iwwerraschend, well de Lies keen Zweiwel dru gelooss hätt, dass hie selwer den Accident verursaacht huet, éier hien d'Plaz verlooss huet. "Mir si ganz zouversiichtlech, dass sech dat an de nächsten Deeg séier a kloer wäert klären."