Donald Trump deelt Fake-Video iwwer Festnam vum Barack Obama

© ALEX WROBLEWSKI / AFP
Den Donald Trump deelt den Ament e gefälschte Video op TikTok an op anere soziale Plattformen.
Am Video, deem een zimmlech gutt ugesäit, dass e mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz erstallt gouf, ass ze gesinn, wéi de fréieren US-President Barack Obama bei enger Entrevue mam Donald Trump am Wäissen Haus vu Beamte vum FBI festgeholl gëtt. Den Obama sëtzt am Video als éischt am Oval Office op enger Fotell nieft dem Donald Trump. Da kommen FBI-Agenten an d'Bild an zwéngen hien op d'Knéi. Den Donald Trump grinst no der Verhaftung an d'Kamera. Am zweeten Deel vum Video ass dann de Barack Obama an Isolatiounshaft ze gesinn.
Wärend Unhänger vum Donald Trump senger Beweegung "Make America Great Again" begeeschtert op de Video reagéieren, gesi Kritiker an dësem senger Verëffentlechung virun allem e Versuch, vun den aktuellen Diskussiounen ëm déi sougenannten "Epstein-Akten" ofzelenken. Esouwuel d'konservativ Grupp " Republicans against Trump" ewéi och Unhänger vun den Demokrate schwätzen an dësem Zesummenhang vun engem Oflenkungsmanöver.
Den Donald Trump ass am Zesummenhang mat de sougenannten "Epstein-Akten" am eegene Lager ënner Drock geroden. Dem verstuerwenen Investment-Banker Jeffery Epstein gouf jo reprochéiert, Meedercher a jonk Frae mëssbraucht respektiv dës fir sexuell Handlungen u prominent Cliente vermëttelt ze hunn. De Milliardär war 2019 ënner mysteriéisen Ëmstänn a senger Prisongszell ëm d'Liewe komm.
Den Donald Trump war an der Suite vun der Affär wéinst senger perséinlecher Bekanntschaft mam Epstein ënner Drock geroden. D'leschten Donneschdeg hat den US-President d'Verëffentlechung vun enger Partie Dokumenter iwwert d'Affär an Aussiicht gestallt. Dat ass bis ewell net passéiert.