Police mellt: Äerdrutsch soll Ursaach fir Zuchongléck gewiescht sinn

© Photo by THOMAS WARNACK / DPA / AFP
E Sonndeg den Owend war et am Kreis Biberach an der Géigend vun Ulm zu engem schroen Zuchaccident mat dräi Doudegen a ronn 50 Blesséierte komm.
Op engem eegleisegen Ofschnëtt vun der Streck ware géint 18.10 Auer zwee Waggone vun engem Passagéierzuch, an deem ronn 100 Persoune waren, vun de Schinnen entgleist. Dräi Persounen*, dorënner ënner anerem de Maschinist an ee weidere Mataarbechter vun der Deutsche Bahn sollen dem aktuelle Stand no ëm d'Liewe komm sinn. Ronn 50 Persoune goufen dobäi blesséiert, dovu 25 méi uerg, sou d'Leederin vun de Rettungsekippen Charlotte Ziller.
An der Regioun waren et virum Accident zolidd Onwiedere mat bis zu 40 Liter Reen pro Quadratmeter ginn, wat éischten Erkenntnisser no zu der Entgleisung kéint bäigedroen hunn. Wéi d'Police e Méindeg de Moien an engem offizielle Communiqué confirméiert huet, soll den Ermëttlungen no tatsächlech een Äerdrutsch duerch de ville Ree Grond fir den Accident gewiescht sinn. D'Hëllefsekippe sinn aktuell nach ëmmer op der Plaz.

© Photo by THOMAS WARNACK / DPA / AFP
Ufanks war nach onkloer, wéi uerg den Accident war an ob et iwwerhaapt offiziell Doudesaffer gouf. Kuerz no 21 Auer du gouf confirméiert, dass op d'mannst 3 Leit hiert Liewe gelooss hunn. An der Unisklinik vun Ulm gouf och duerch déi héich Zuel u Blesséierten de Katastrophenalarm ausgeruff.
De Bundeskanzler Friedrich Merz (CDU) huet sech e Sonndeg den Owend betraff gewisen iwwer d’Ongléck. De Famillen a Frënn vun den Affer huet hien iwwer den Online-Déngscht X säi Matgefill ausgedréckt. Hie steet "am enke Kontakt" mam Inneminister an dem Verkéiersminister, huet de Merz hei geschriwwen. Hien hätt si gefrot, "d’Rettungsekippe mat alle Mëttel z’ënnerstëtzen".
*An engem éischte Bilan goung rieds vu véier Doudesaffer, wat méi spéit awer op dräi rektifizéiert gouf.