Nom Doud vun engem franséische Streamer bei enger Live-Iwwerdroung am Internet hunn d'Ermëttler no enger Autopsie eng Friemawierkung ausgeschloss.

Den Doud vum 46 Joer ale Raphaël Graven stéing "net am Kontext mam Agräife vun engem Drëtten", heescht et vum Parquet vun Nice en Donneschdeg. D'Ermëttler ginn deemno vun enger medezinescher Doudesursaach oder enger Vergëftung aus.

Dem Grave säin Doud war e Méindeg wärend der Iwwerdroung vun engem Livestream op der Plattform Kick festgestallt ginn. D'Kamerae si viru sengem Doud bal zwou Woche gelaf. Wärend där Zäit hat hie sech ënnert dem Numm "Jean Pormanove" oder "JP" bekannt Streamer ënnert anerem schloen, wiergen a beleidege gelooss, sote User, déi Deeler vun den Opname gesinn haten.

Wärend der Autopsie wieren awer just "e puer blo Plazen a verheelt Blessuren, virun allem un den ënneschte Glidder" festgestallt ginn. De Parquet hätt weider toxikologesch Ënnersichungen an Zellenanalysen ordonéiert, fir d'Doudesursaach z'ermëttelen.

Zeien aus dem Ëmfeld vum Streamer haten den Ermëttler no ausgesot, datt de Graven wärend enger Behandlung zejoert an der Tierkei Häerzproblemer gehat hätt, ausserdeem wier hien un der Schilddrüs behandelt ginn. Dës Zeienaussoe géingen elo an d'Bewäertung vun der geriichtsmedezinescher Expertis fléissen.