Presuméierten Täter festgehollAacht Blesséierter a Schéisserei un tierkescher Schoul

AFP
Am Weste vun der Tierkei gouf et en Dënschdeg eng Schéisserei an engem Lycée.
© Gemeinfrei iwwer Wikimedia

Aacht Persoune wiere blesséiert ginn an ee Verdächtegen hätt kuerz Zäit drop kënne festgeholl ginn, huet et vum Gouverneur vun der Regioun geheescht. De Verdächtegen hat ëm 7.59 Auer zu Turgutlu westlech vun der Stad Izmir ugefaange mat schéissen. Hie gouf no der Dot vu Sécherheetsleit festgeholl, huet et vum Büro vum Gouverneur geheescht.

Dësen Artikel gëtt aktualiséiert, esoubal et nei Entwécklunge ginn.

Back to Top
CIM LOGO