
Nodeems den Hurrikan "Rachel" iwwer déi mexikanesch Pazifikküst gezunn ass, mellen d'Autoritéiten op d'mannst aacht Doudeger. Zwou Persoune géifen aktuell nach vermësst, heescht et iwwerdeems vun der mexikanescher Arméi. Un der Sich no hinne wier och déi mexikanesch Marinn bedeelegt.
D'"Rachel" huet am nordwestleche Bundesstaat Baja California, deen un d'USA grenzt, zanter leschter Woch fir Starkreen an Iwwerschwemmunge gesuergt.
Wéinst dem Klimaphänomen El Niño forméiere sech dës Hurrikan-Saison iwwert dem Pazifik besonnesch vill a besonnesch staark Stierm. Iwwert dem Atlantik ass et dogéint vergläichsweis roueg.
Nieft dem "Rachel" mellt den US-Hurrikanzenter, zwee weider Stierm, déi den Ament virun der mexikanescher Pazifikküst aktiv sinn. De "Simon" en Hurrikan vun der Kategorie 1 an den Tropestuerm Trudy. De "Simon" huet an de Bundesstaate Jalisco a Guerrero fir staarke Ree gesuergt. En 71 Joer ale Mann ass gestuerwen, wéi eng Mauer an e Koup gefall ass.