
Aacht Doudeger an zéng Blesséierter gëtt et bei zwee Opstänn an zwee verschiddene Prisongen am Ecuador. Den Autoritéiten no gouf et dës Revolte an engem Prisong an der Provënz Cotopaxi esou wéi am Pichincha-Prisong an der Haaptstad Quito. Op béide Plaze sinn all Kéiers véier Leit ëm d'Liewe komm.
Et hätt een och déi Responsabel vun den Opstänn kéinten identifizéiert an dës kéimen elo an den Héichsécherheetsprisong El Encuentro, esou d'Autoritéite weider. Dëse Prisong gouf fir déi meeschtgesicht Kriminell am Land gebaut.
Zanter 2021 sinn an de Prisonge vum Ecuador bis ewell iwwer 500 Prisonéier ëm d'Liewe komm. Hannert de Mauere regéieren dacks Drogebanden, déi aner Inhaftéierter erpressen oder och emol einfach ëmbrénge loossen. Verschidde Prisonge ginn dann och vum Militär kontrolléiert.