
Bei engem Fligerongléck am US-Bundesstaat Alaska sinn aacht Persounen ëm d'Liewe komm, et huet keen iwwerlieft, ewéi den Alaska-Kommando vum US-Militär matdeelt. Déi privat gechartert Cessna war nämlech bei engem klengen ofgeleeëne Fluchhafe vun der US-Loftwaff erofgefall, dat bei enger Radarstatioun zu Cape Newenham ganz un der Spëtzt am Südweste vun Alaska.
Firwat déi Maschinn iwwerhaapt déi Radarstatioun als Zil hat, huet d'US-Arméi net matgedeelt. De Kommandant huet awer vun engem battere Verloscht geschwat. Déi Verongléckt wären engagéiert Experte gewiescht. Wat geschitt ass, wär nach net kloer.
