
Geschitt ass den Déifstall en Dënschdeg de Moien. Si hätte véier Wierker geklaut, ma hunn op der Flucht eent missen zeréckloossen. De Gesamtwäert vun de geklaute Biller gëtt op 9 Milliounen Euro geschat. Beim concernéierte Musée handelt et sech ëm de Musée Renoir zu Cagnes-sur-Mer, der Stad an där de franséischen Impressionist Auguste Renoir säi Liewensenn verbruecht huet. De Musée ass senge Wierker dediéiert.