Stäerkt vu 5,4Äerdbiewen am Südoste vun der Tierkei

RTL mat AFP
En Äerdbiewe vu 5,4 op der Richterskala huet en Donneschdeg de Buedem am Südoste vun der Tierkei zum Wackele bruecht.
D'Tierkei läit iwwer e puer geologesche sougenannte Verwerfungen, wou et ëmmer nees zu Äerdstéiss kënnt
© CEM GENCO/Anadolu via AFP

Wéi Katastropheschutzagence "Afad" matgedeelt huet, koum et en Donneschdeg de Moien nërdlech vun der Stad Sanliurfa zu engem Äerdstouss. Schied oder Affer goufen "Afad" no elo Mol nach net gemellt. D'Biewe wier awer intensiv ze spiere gewiescht, sou de Provënzgouverneur Hasan Silda géintiwwer NTV.

D'Tierkei läit iwwer e puer sougenannte geologesche Verwerfungen, wou et ëmmer nees zu Äerdstéiss kënnt. Am Oktober 2023 ware bei engem Biewen am Südoste vum Land op d'mannst 53.000 Persounen ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO