
An Däitschland huet elo dat éischte Landesparlament e President vun der rietsextreemer AfD. De 35 Joer alen Tobias Rausch ass en Dënschdeg de Moien am éischten Tour gewielt ginn an ass domat elo dee formal ranghéchste Politiker a Sachsen-Anhalt. Bei de leschte Walen hat d‘AfD jo mat 44 Prozent déi meeschte Stëmme kritt.
D‘Deputéiert vum BSW haten annoncéiert, den AfD Kandidat matzedroen. Gewielt gouf geheim. AfD a BSW hunn zesumme 44 Deputéiert. Den Tobias Rausch ass um Enn mat 48 Jo-Stëmme gewielt ginn. 29 Deputéiert hu géint hie gestëmmt, fënnef hu sech der enthalen.