Merz wëll Kanzler bleiwenAfD wënnt a Mecklenburg-Vorpommern wuel zweet Landtagswal an der Suite, Linke virop zu Berlin

Pierre Jans
Bei der Landtagswal zu Mecklenburg-Vorpommern läit d'AfD der ARD-Prognos no mat 37 Prozent knapp virun der SPD mat 35,5 Prozent.
D'AfD hätt hiert Resultat vun 2021 méi wéi verduebelt. D'SPD konnt dogéint de Réckstand aus de leschte Sondagen op d'AfD däitlech verkierzen.
© MARCUS BRANDT/dpa Picture-Alliance via AFP

Dat wär e Plus vun Ganzen 20 Prozent fir d'AFD mam Spëtzekandidat Leif-Erik Holm.

D'Sozialiste si mat hirer Spëtzekandidatin an aktueller Ministerpresidentin Manuela Schwesig knapps hannendru mat 35,5 Prozent. Si géifen gutt 4 Prozent leie loossen par Rapport zu de leschte Walen an deem Bundesland.

D'Linke kéim a Mecklenburg-Vorpommern op 7,5 Prozent, wéi et aktuell ausgesäit.

An d'CDU kënnt - d'Partei vum Bundeskanzler Merz - just op 5,5 Prozent. Et wär en historescht schlecht Resultat fir si.

Och déi Gréng leie bei 5,5 Prozent.

Wat d'Sëtzverdeelung ugeet, hätten déi Rout der vun 71 elo 8 manner ewéi virdrun, also 26. D'AFD kritt der ganzer 13 bäi an hätt der dann 27.

Fir ze regéieren, misst d'AFD awer e Koalitiounspartner fannen oder sech toleréiere loossen. Dat dierft net einfach ginn.

Berlin kippt no lénks

An der Haaptstad iwwerhëlt d'Linke mat der Spëtzekandidatin Elif Eralp d'CDU a wënnt d'Landtagswal. Dat well d'Partei hiert d'Resultat a Prozenter quasi verduebelt huet. Plus 12,3 Prozentpunkten, fir op 24,5 Prozent vun de Stëmmen ze landen.

© JENS SCHLUETER/AFP

D'CDU kënnt mam Spëtzekandidat Stefan Evers wéinst just op 20 Prozent vun de Stëmmen.

D'AFD leet och zu Berlin bäi: 16 Prozent fir déi Riets.

15 fir déi Gréng an 12 fir d'SPD.

A Sëtz heescht dat: d'Linke hätt 42 vun 159 Sëtz zu Berlin. D'CDU 34 (minus 18), d'AFD 27 (plus 10), déi Gréng 26 an d'SPD 21 (-13).

Et gesäit deemno net gutt aus fir d'Regierungskoalitioun vun Union an SPD op Bundesniveau, wann een d'Landtagswalen als Stëmmungsbild liest. D'CDU verléiert zu Berlin géint déi Lénk. An d'SPD verléiert a Mecklenburg-Vorpommern géint déi extrem Riets, wann och knapps.

© MICHAEL KAPPELER/dpa Picture-Alliance via AFP

Merz wëll Kanzler bleiwen

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz ass nëmmen e puer Minutten no der Publikatioun vun de Prognosen vun ARD an ZDF an der Parteizentral vu senger Partei virun d'Kameraen getrueden. Hien huet all Spekulatiounen aus dem Wee geraumt a kloergestallt, dass hien CDU-President a Kanzler bleiwe wëll.
Allerdéngs huet de Friedrich Merz vun engem Desaster a Mecklenburg-Vorpommern geschwat.

Do depasséiert d'CDU den néidegen Seuil, fir iwwerhaapt an d'Parlament ze kommen jo just relativ knapps, wéi et ausgesäit. Wärend dem Walkampf wär d'CDU an der Course tëscht der AFD an der SPD an deem Bundesland zerriwwe ginn, esou de Merz.

D'Resultat zu Berlin huet hie gelueft. Dat wär uerdentlech.

De Bundeskanzler huet virun de Kameraen en haart Reformen a schwieregen Zäiten annoncéiert. Et bräicht Changementer, ma déi géife Kraaft kaschten, esou de Friedrich Merz. D'Zil wär Wuelstand fir jiddereen.

Back to Top
CIM LOGO