Regiounen Helmand a KunarAfghanistan mellt néng Doudeger bei pakistaneschen Attacken

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi d'Provënzregierung zu Helmand matdeelt, hätten d'Attacken d'Duerf Safar getraff.
Gewalt tëscht Pakistan an Afghanistan
© ABDUL BASIT/AFP

Bei pakistaneschen Attacken an den afghanesche Regiounen Helmand a Kunar sinn der Taliban-Regierung no néng Mënschen ëm d'Liewe komm. Wéi et heescht, sollen ënnert den Affer och Fraen a Kanner sinn, sou e Regierungsspriecher op X. 11 Persoune goufe blesséiert an dräi Wunnhaiser zerstéiert.

Déi pakistanesch Regierung confirméiert dann och "geplangten" Attacken op Kämpfer an Afghanistan ausgefouert ze hunn. Op der Grondlag vu "glafwierdege Geheimdéngschtinformatiounen" wier e "selektive Choix vun Terroriste-Camps a Plazen un zwee Standuerter" an Afghanistan gemaach ginn, sou de pakistaneschen Informatiounsministère op X.

© AFP

Wéi d'Provënzregierung zu Helmand matdeelt, hätten d'Attacken d'Duerf Safar getraff. Dobäi wiere véier Persounen ëm d'Liewe komm, weider Leit goufe schwéier blesséiert.

Pakistan mécht ëmmer nees afghanesch Kämpfer aus der Grupp Tehreek-e-Taliban Pakistan (TTP) fir Uschléi responsabel. D'Taliban-Regierung an Afghanistan dogéint dementéiert all Bedeelegung. D'Virwërf hunn zu massiven Tensiounen an arméiert Ausernanersetzungen tëscht béide Nopere gefouert. Bei pakistanesche Loftattacken am Juni am Afghanistan sinn der UN no Dosenden Zivilisten ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO