
Den Donald Trump verdeedegt den Agent a schwätzt vun Noutwier. Allerdéngs ass déi ganz Aktioun gefilmt ginn an de Video mëttlerweil public. An do ass ze gesinn, dass et sech wuel net ëm Selbstverteidegung gehandelt huet. D’Fra sëtzt hannert dem Steier vun hirem Auto a wollt relativ lues fortfueren, wéi se verhaft soll ginn. Beim “Versuch, eis Polizisten z’iwwerrennen a se ëmzebréngen”, wier déi presuméiert Täterin e Mëttwoch duerch “Verdeedegungsschëss” ëm d’Liewe komm, sou den zoustännege Ministère op X. Medien no ass de Virfall wärend enger Protestaktioun géint Migratiounskontrollen am US-Bundesstaat Minnesota geschitt.
WATCH: Secretary Noem holds press conference on domestic terror attack in Minneapolis against ICE agents. https://t.co/Nx7vYqUeZi
— Homeland Security (@DHSgov) January 7, 2026
Den demokratesche Gouverneur vum Bundesstaat Minnesota, den Tim Walz, an deem dat Ganzt geschitt ass, an d’Demokraten am generellen, verurteelen dat Virgoe ganz schaarf a ginn dem President d’Schold, deen esou Saachen och nach géif guttheeschen. E Mëttwoch goufen et zu Minneapolis och scho Protester géint d’ICE, bei deenen dausende Leit op der Strooss waren.
Och den US-President Donald Trump perséinlech huet e puer Stonnen nom Virfall Partei fir den ICE-Mataarbechter ergraff. “D’Fra, déi mam Auto gefuer ass, huet sech extrem opfälleg beholl, huet gestéiert an huet Widderstand geleescht”, sou den Trump op Truth Social. “Dunn ass se gewaltsam, virsätzlech a béiswëlleg iwwert den ICE-Mataarbechter gefuer, deen an Noutwier op d’Fra geschoss huet.”
De Buergermeeschter vu Minneapolis, den Jacob Frey, schwätzt bei der Noutwier-Theorie vu “Blödsinn”. “Mir hunn dëse Moment zënter den Ufäng vun der Präsenz vun ICE zu Minneapolis gefaart”, betount hie weider.
Bei der Persoun déi ëmkomm ass, handelt et sech ëm eng Fra vu 37 Joer.