Demokratesch Republik Kongo deelt matAktuell Ebola-Well bis ewell déidlechsten Ausbroch an der Geschicht

RTL mat AFP
Dem aktuelle Stand no sinn 2.325 Leit un de Suitte vun enger Ebola-Infektioun an der Demokratescher Republik Kongo gestuerwen.
© BENEDICTION MURHABAZI/AFP

Dëst mécht den aktuellen Ausbroch den offiziellen Zuele vun der Regierung no deen déidlechsten, deen d'DR Kongo a senger Geschicht erlieft huet. Déi 2.325 Doudeger komme vu ronn 4.945 confirméierte Fäll, heescht et. Beim leschte groussen Ausbroch, dee vun 2018 bis 2020 goung, hat een 3.381 Ebola-Fäll, un deenen 2.299 Leit gestuerwe sinn.

D'Vereenten Natioune confirméieren dann och, datt an der Demokratescher Republik Kongo am Moment ronn all 30 Minutten eng Persoun un Ebola stierft.

Back to Top
CIM LOGO