
D'Awunner vun der kanadescher Provënz Alberta hu sech däitlech géint eng Onofhängegkeet vu Kanada ausgeschwat. No den éischte Resultater hu méi wéi 76 Prozent fir de Verbleif a Kanada gestëmmt. Zu deem Zäitpunkt ware ronn 45 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt.
De kanadesche Premier Mark Carney huet d'Resultat begréisst a vun enger klorer Decisioun fir d'Eenheet vum Land geschwat. Och d'Premierministesch vun Alberta, Danielle Smith, huet sech zefridde gewisen.
D'Separatiste wëllen hir Campagne awer trotz der Néierlag weiderféieren. Si fuerdere méi Kontroll iwwer déi grouss Pëtrolsreserven an der Provënz a kritiséieren d'Politik vun der Bundesregierung.
De Referendum gouf als wichtegen Test fir den Zesummenhalt vu Kanada ugesinn.