
Zentralamerika leit aktuell ënnert enger extremer Dréchent. Och de Schëffstrafic duerch de Panama-Kanal huet misste limitéiert ginn. Honduras hat schonn d'lescht Woch fir 80 Prozent vu sengem Staatsgebitt eng Alerte erausginn.
De Wiederphenomeen trëtt an der Reegel all 2 bis 7 Joer op an dauert tëscht 9 an 12 Méint. De Welternärungsprogramm (WFP) vun de Vereenten Natiounen hat viru Kuerzem an enger Aschätzung gesot, dass Zentralamerika am schwéierste vum aktuellen El Niño an als Konsequenz verstäerkt vun Honger betraff wier.