Corona-DemonstratiounenAll drëtte Manifestant bei Protester zu Melbourne festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi et vun der lokaler Police heescht, wiere 74 vun den 250 Demonstranten e Sonndeg festgeholl ginn.

176 Amendë goufen iwwerdeems ausgestallt. D’Demonstranten haten op dem Queen-Victoria-Maart zu Melbourne gefuerdert, dass d’Ausgangsrestriktiounen, déi zanter Woche gëllen, sollen opgehuewe ginn. Dës Mesure ass ufangs Juli a Kraaft getrueden a gouf bis de 26. Oktober verlängert. Privat Besich musse weiderhi reduzéiert ginn, nuets gëllt eng Ausgangsspär an Awunner dierfe sech net méi wäit wéi 5 Kilometer vun hirer Wunneng ophalen. Vun e Méindeg un dierfen d’Residenten awer nees 2 Stonne Sport dobausse maachen an Treffen an engem klenge sozialen Ëmkrees ginn nees erlaabt.

An Australien goufe bis ewell 26.600 confirméiert Fäll gemellt, 810 Persoune sinn un de Suitte vun hirer Infektioun gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO