
De Conseil d'administration vum Kennedy Center, deen aktuell vun Alliéierte vum US-President Donald Trump kontrolléiert gëtt, hunn en Donneschdeg dofir gestëmmt, den Numm vum aktuelle President nees op d'Fassad ze schreiwen, nodeem dëse duerch e Geriicht erofgeholl gouf. Dat mellen US-Medien.
De republikanesche Milliardär hat, nodeem hie seng eege Leit un d'Spëtzt vum Verwaltungsrot vun der renomméierter Institutioun zu Washington gesat hat, säin Numm mat deem vu sengem demokratesche Virgänger verbonnen an den Zenter an den "The Donald J. Trump and The John F. Kennedy Memorial Center for the performing Arts" ëmbenannt.
E Bundesriichter hat am Mee awer ordonéiert, datt een all d'Verweiser op "de President Trump oder all aner Persoun, déi net de President Kennedy wier" ewechhuele misst an zwar net nëmme vum Gebai selwer, mä och vun der Websäit vun der Institutioun wéi och vun all de Marken, déi agedroe sinn.
D'Resolutioun, déi en Donneschdeg geholl gouf, gesäit elo vir, datt dëse Text op d'Gebai stoe kënnt: "Restored and Renovated by President Donald J. Trump" iwwersat also "Restauréiert a renovéiert vum President Donald J. Trump". Dat melle méi US-Medien a beruffe sech dobäi op anonym Sourcen.
De Verwaltungsrot huet dann och decidéiert, datt d'Haaptgebai vum Kennedy Center fir zwee Joer wäert wéinst Renovatiounen zougemaach ginn. Den US-President Donald Trump wollt dës Aarbechten onbedéngt hunn, ma och déi goufe vun engem Geriicht blockéiert.
Am Juli hat de Conseil d'administration vum Kennedy Center um zoustännegen Appellsgeriicht eng Demande agereecht, fir hiren Appell prioritär ze behandelen an séier zu enger Decisioun ze kommen. Dëst Schnellverfare gouf awer refuséiert, well d'Regierung keng Beweiser fir hir Behaaptunge virleeë konnt, datt d'Finanzement fir d'Renovéierung vum Kennedy Center a Gefor wier, wann dem Donald Trump säin Numm net op d'Gebai géif stoe kommen.
D'Oppositioun wéi och d'Famill vum fréiere President Kennedy kritiséieren, datt den Donald Trump de renomméierten Zenter ëmbenenne wëll. Si sinn och der Meenung, datt dëst géint d'Gesetz verstéisst.
Den Donald Trump probéiert a senger zweeter Amtszäit onermiddlech, allem säin Numm oder Stempel opzedrécken. Sief dëst op Geldschäiner, bei der Architektur vum Wäissen Haus oder bei wichtege Gebaier a Plazen zu Washington. An der Haaptstad huet zanter Enn 2025 dat amerikanescht Institut fir Fridden (United States Institute of Peace) den Numm vum aktuellen US-President.