
9 Doudesaffer si bis ewell confirméiert an iwwer 2.700 Blesséierter, dorënner eng 200 schwéier. An enger Aktioun wéi aus engem Spionage-Film sinn en Dënschdeg de Mëtteg zäitgläich knapp 3.000 Pagere vun Hisbollah-Memberen am Libanon explodéiert.
D’New York Times an d’Washington Post schreiwen e Mëttwoch, dass et Agente vum Mossad gelonge wier, viru Kuerzem eng Pager-Liwwerung aus Taiwan ofzefänken an dausenden Apparater mat Sprengstoff ze fëllen. D’Firma huet direkt reagéiert an erkläert, si hätten d’Pageren net selwer produzéiert, mee eng Firma aus Ungarn.
Eng Confirmatioun vum israeelesche Geheimdéngscht gëtt et natierlech awer net. An och d’Regierung zu Jerusalem huet sech bis ewell net derzou geäussert.
D’Militär an den Defenseministère solle sech lokale Medien no awer schonns op eng Géigenattack preparéieren. D’UNO an d’EU ruffen zu Deseskalatioun op. D’Lufthansa an Air France hu sämtlech Flich an Israel fir déi nächst Zäit ofgesot. D’Hisbollah an den Iran maachen Israel fir d’Explosioun responsabel. De Mossad hätt Sprengstoff an e Code an d’Maschinnen agebaut, an dat hätt ee nëmmen schwéier mat Scanneren oder soss Geräter kënnen detektéieren.
Ufank des Joers goufen d’Memberen vun der Hisbollah vun hirem Chef opgeruff hir Handyen wech ze gehéieren, well d’israeelescht Militär se domat lokaliséiere kéint. Well e Pager net iwwer e Reseau ugemellt ass kann een net doriwwer retracéiert ginn.
Experten ginn elo dovun aus, datt Israel d’Apparater schonn ier se un d’Memberen vun der Hisbollah geliwwert goufen manipuléiert hunn an se dunn all den nämmlechten Dag zu enger bestëmmter Auerzäit explodéiere gelooss hunn.