Staarkt Äerdbiewen a SüdamerikaAm Peru huet de Buedem mat enger Stäerkt vu 7,2 op der Skala gewackelt

RTL Lëtzebuerg
No Venezuela a Kolumbien huet et elo e weidert Land a Südamerika getraff.
© ARTUR WIDAK/NurPhoto via AFP

Et géife Blesséierter ginn an Dosenden Gebaier goufe beim Biewe beschiedegt. Den Epizentrum louch ronn 800 Kilometer vun der Haaptstad Lima ewech an enger Regioun déi manner staark bewunnt ass.

Beim Biewen a Venezuela Enn Juni ass de Bilan un Doudesaffer mëttlerweil op iwwer 6.400 an d'Luucht gaangen. D'lescht Woch sinn a Kolumbien 300 Leit gestuerwen. Do gëllt zanter en Donneschdeg an 30 Regiounen de Noutstand. Domat kënne méi séier staatlech Gelder fir Hëllef deblockéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO