
Bis ewell war d‘Maria Montserrat Alvarado Presidentin vum kathoulesche Medium EWTN News. Si ass a Mexiko gebuer an huet an den USA studéiert.
Mat dëser Nominatioun géif de Poopst Leo mat de Reformen an Erneierunge virufueren, déi säi Virgänger, de Poopst François, schonn entaméiert hat, heescht et aus dem Vatikan.
Dësen hat zejoert zwou Nonnen op Schlësselpositiounen am Vatikan genannt an déi chauvinistesch Mentalitéit an der kathoulescher Kierch kritiséiert.