Récktrëtt vum Regierungschef gefuerdertAn Albanien sinn nees Honnerte Leit géint d'Regierung op d'Strooss gaangen

RTL Lëtzebuerg
Zënter en Dënschde gëtt an der Haaptstad Tirana an an aneren albanesche Stied protestéiert.
© ARMEND NIMANI/AFP

An Albanien sinn d’Leit e Sonndeg um sechsten Dag hannerteneen op d’Strooss gaangen an hu gefuerdert, datt de Regierungschef Edi Rama zerécktrëtt.

Am Ufank goung et ëm déi schlecht Conditiounen ënnert deenen déi Jonk musse studéieren an déi héich Aschreiwungsfraisen. An Tëschenzäit gëtt awer d’Demissioun vun der ganzer Regierung gefuerdert.

De Regierungschef huet an engem Video op Facebook kloergestallt, datt hien net zeréck trëtt. Wéi et e Sonndeg dunn zu de bis ewell schlëmmste Krawalle koum, huet d’Police Waasserkanounen an Tréinegas géint d’Demonstrante benotzt.

Back to Top
CIM LOGO