
Wéi d^Noriichtenagence AFP aus däitsche Regierungskreesser gewuer gouf, konnt ee sech op en Tankrabaat bis zum Enn vum Joer eenegen. Fir d'Zäit dono ass e Spritpräisdeckel geplangt.
CDU, CSU an SPD hunn deeglaang iwwer méiglech Entlaaschtungsmesure verhandelt. Och d'Bundeslänner goufe mat abezunn.
Mat engem Tankrabatt hat d'Bundesregierung scho Mëtt Mee a Juni Entlaaschtungen fir d'Automobilisten decidéiert. Dobäi gouf d'Energiesteier inklusive TVA ëm 17 Cent pro Liter Sprit erofgesat. Dat huet den däitache Staat 1,6 Milliarden Euro kascht. Bei enger änlecher Ëmsetzung elo dierften d'Käschte vum Tankrabatt vun Oktober bis Joresenn bei ronn 2,4 Milliarden Euro leien.
E Präisdeckel gouf et bis ewell awer nach net an Däitschland, dofir awer bei eis am Land an och bei eise belschen Noperen, wou op Basis vun der Präisentwécklung op den internationale Mäert en definitiven Héchstpräis fir Bensinn, Diesel a Masutt festgeluecht gouf. Fir esou eng Mesure hat virun allem d'SPD plädéiert.