Recettë vun 880 Milliounen € d'JoerAn Däitschland kënnt eng Steier op zockerhaltegt Gedrénks

AFP, iwwersat vun RTL
D'Steier wäert an zwee Niveauen ënnerdeelt sinn, fir kleng Produzente soll et eng Ausnam ginn.
Fir Gedrénks mat engem Zockergehalt vu 5 Gramm pro 100 Milliliter soll eng Steier vu 26 Cent pro Liter gëllen. Vun 8 Gramm op 100 Milliliter u sollen et 32 Cent sinn.
© Pixabay/Didgeman

An Däitschland soll et vu Juli d'nächst Joer un eng Steier op zockerhaltegt Gedrénks ginn. Doriwwer wier d'Koalitioun aus Unioun an SPD sech eens ginn, mellen däitsch Medien.

D'Steier soll an zwee Niveauen ënnerdeelt sinn: Fir Gedrénks mat engem Zockergehalt vu 5 Gramm pro 100 Milliliter soll eng Steier vu 26 Cent pro Liter gëllen. Vun 8 Gramm op 100 Milliliter u sollen et 32 Cent sinn. Fir Produzenten, déi manner ewéi eng Millioun Liter gezéckert Gedrénks d'Joer produzéieren, soll d'Steier net gëllen. Dat mellt d'Redaktionsnetzwerk Deutschland, dem en Entworf vum Gesetzestext Deutschland soll virleien.

Déi däitsch Regierung rechent duerch dat neit Gesetz fir 2027 mat Steierrecettë vu 690 Milliounen Euro. Fir 2028 sollen et 925 an duerno 880 Millioune pro Joer sinn.

Back to Top
CIM LOGO