
En nawell zolidd Äerdbiewen gouf et an der Nuecht op e Méindeg an der Géigend vun der ägyptescher Haaptstad Kairo. De Buedem huet mat iwwer 5 Punkten op der Richterskala geziddert, an den Epizentrum loung a manner wéi 10km Déift, wat déi iwwer 20 Milliounen Awunner an der Metropol gutt erféiert huet.
Gréissere Schued oder Blesséierter soll et net ginn hunn, generell sinn Äerdbiewen an Nord-Afrika awer ganz seelen.